Op der Atert, do wou d’Mier ufänkt

« Gehei et an d’Waasser oder an de Gulli, dann ass et fort. » Dat schéngt wuel munnech een sech ze denken, wann ee gesäit, wéi vill Offall ëmmer rëm an d’Baache geschwemmt gëtt. Dann brauch et engagéiert an ëmweltbewosst Matbierger, déi dee ganzen Dreck erëm oprafe ginn an entsuergen.

Dowéinst huet d’Flosspartnerschaft Atert eng Grouss Botz vun der Atert organiséiert. Eng Grouss Botz laanscht d‘Baach ass net esou einfach duerchzeféieren, wéi laanscht d’Strooss. Den Accès ass dacks schwéier; et muss een iwwer privaten Terrain goen; den Offall leit deels am Baachbett oder ënnert den Ufere verstoppt an d’Weeër si weit. Dofir gouf a Kooperatioun mat dem Kayak Club Lëtzebuerg, d‘Grouss Botz direkt vum Waasser aus gestart.

D’Atert ass net als befuerbaart Gewässer klasséiert an dofir huet et eng speziell Geneemegung vum Ëmweltministère gebraucht, fir dës Aktioun kënnen duerchzeféieren. Enn Mäerz hunn sech dunn bei guddem Wieder a Waasserstand zwou Equipe op de Wee gemaach, fir d’Atert vun Useldeng bis viru Bissen ze botzen. De gesammelten Offall gouf op zougängleche Platzen nieft der Atert deposéiert a konnt dunn vun de Gemengenaarbechter aus de jeeweilege Gemengen entsuergt ginn. D’Equipe waren nawell erstaunt iwwert dee Sammelsurium un Objet’en, déi si ënnerwee fonnt hunn an awer och ganz beréiert vun deem Merci deen si zougeruff kruten, wann si emol Leit bei de Brécke begéint hunn.

Weider Fotoen ënnert: www.attert.com