Biwels. De Mathias Liefgen krut 80 Joer

Geschter (14. Juli) huet der Mathias Liefgen vu Biwels am Krees vu senger Famill sein 80. Gebuertsdag gefeiert.

De Liefgen's Mett koum den 13. Juli 1931 als drëtt vu veier Kanner zu Biwels op d'Welt, wou hien och haut nach wunnt. Seng Elteren waren de Nicolas an d'Katherine Liefgen-Baatz.

Den 4. Februar 1967 huet hie senger zukünftiger Fra, dem Céline Diederich vu Merkholtz d'Jowuert gin. Mat hier zesummen huet hien den elterlechen Bauerenhaff iwwerholl a gefouert. Aus dem Bestiednis sin zwée Kanner ervirgaang, d'Nicole an d'Renée. Mëttlerweil huet d'Famill sëch em siewen Enkelkanner vergréissert, dei sie och regelmeisseg op Bivels besiche kommen.

Bis zu senger Pensioun huet de Liefgen's Mett während 27 Joër bei der "Société électrique de l'Our" (SEO) geschafft a war niewebei während 50 Joer Member vun de Biwelser Pompjée.

De Gratulanten hu sëch och d'Vertrieder vun der Gemeng Pëtschend ëm hire Buergermeeschter, de Jean Kinn ugeschloss a sie hun dem Jubilar niewt engem Blummenarrangement och e gudd gefëllten "Präsentkuerf" iwwerréscht.
________________

Text a Photoën: ARMAND WAGNER