AMIPERAS BIWER, 90ten Gebuertsdag vum Här Kalmes Emile

D'Amiperas BIWER hat déi grouss Freed hirem laangjähregen Präsident, dem Här Emile Kalmes, fir säi 90ten Gebuertsdag ze gratuléiren. De 6ten Juli 2023 huet eng Delegatioun vum Comité hien am CIPA zu Gréiwemaacher besicht an him hir beschten Gléckwënsch iwwerbruecht. Bei där Geleegenheet krut hien e Cadeau an e Bouquet Blummen iwwerreecht.