BIWER, 85ten Geburtsdag vun der Madame Welsch-Vogel Anni

Amiperas Biwer: Viru kurzem huet Madame Welsch-Vogel Anni vu Biwer hiren 85ten Geburtsdag gefeiert. Zesummen mam Schäfferot huet d´Amiperas Biwer hirem

langjähregen Member ganz häerzlech gratuléiert. Bei engem gudde Pättchen an e puer

Mäifelcher gouf dat Fest mat der Madame Welsch an hire Kanner gefeiert. Dobäi gouf sech gäeren un déi schéin Zäiten erënnert, wou d'Famill Welsch de Café Stamminet zu Wecker bedriwen huet. Mir wënschen der Madame Welsch nach vill schéi Joeren bei gudder Gesondheet.