Auto-Concert vun der Biwer Musek

Déi läscht Méint sinn vill kulturell Manifestatiounen ageschränkt oder ganz ofgesot ginn. D’Biwer Musek wollt beweisen dass d ’Kultur an eiser Gemeng trotz Corona méiglech ass an esou gouf de Samsdeg 19 September ob een Auto-Concert invitéiert fir de Leit aus der Gemeng an den treien Supporter eng Méiglechkeet ze ginn, erëm e Concert live ze erliewen.

E grousse Merci un all ons trei Supporter déi beim gudde Wieder de Wee ob de Parking Grousswiss fonnt haten. Et huet ons vill Spaass gemaach fir Iech ze musizéieren.

Well de gewielten Datum vum Event op den Dag vum Télévie gefall war, huet zum Schluss d’Sammelbécks d’Ronn gemaach an et goufen ca. 1500 € fir den Télévie gesammelt déi d’Biwer Musek ob 2000 € wärt opronnen.