D'Biwer Musek gratuléiert

D’Musek vun der Gemeng Biwer huet, nodeems se erëm zesumme musizéieren däerfen, zwee vun hiren laangjärege Membere geéiert.

De Jean Pünnel, zënter 1981 Member vun onsem Veräin, hat 2020 säin 75. Gebuertsdag. Hien war all déi Zäit op sengem Tuba aktiv derbäi an huet och wärend e puer Joer d’Biwer Musek als Archivar an Sous-Chef ënnerstëtzt. Nach Haut ass de Jean op all Hämmelsmarsch mat sengem Instrument vertrueden.

De Gust Stoffel huet 2001 de Posten vum President iwwerholl a féiert zënter hir d‘Geschécker vum Veräin. Mat engem Ständchen an engem passenden Kaddo hunn d’Musikant(inn)en deenen Zwee gratuléiert an hinnen Merci gesot fir hiren Asaatz an all deene Joren fir de Veräin an hir Dammen kruten e Bouquet Blummen iwwerreecht.