Nationalfeierdag an der Gemeng Biwer

Och wann dëst Joer onse Nationalfeierdag net esou gefeiert konnt ginn ewéi an der Vergangenheet, esou war et den Gemengenautoritéiten vun der Gemeng Biwer wichteg op dësem Dag un eise Grand-Duc Henri an un déi ganz groussherzoglech Famill ze denken. No dem feierlechen Te Deum an der Parkierch zu Biwer, verschéinert vum Gesang Biwer an der Biwer Musek, gouf eng Gerbe beim Denkmal bei der Kiirch niddergeluecht an d’Sonnerie aux morts gespillt. Uschléissend huet de Buergermeeschter Marc Lentz e puer Wuert un d’Awunner aus der Gemeng geriicht a Medaillen u verdéngschtvoll Membere vun der Musek an dem Rettungsdéngscht CIS-Biwer iwwerreecht. Geéiert goufen vun der Biwer Musek fir 5 Joer mat dem Insigne vun der UGDA de Marc Majerus, Claude Schmit a Nathalie Welsch, fir 10 Joer mat der Medaille de mérite en bronze de Paul O’Brien, fir 20 Joer de Gustave Stoffel mat der Medaille de mérite en argent, fir 30 Joer d’Maud Bewer-Gilliard an d’Josée Schaefer-Zenner mat der Medaille de mérite en vermeil an mat der Médaille de mérite en vermeil avec palmette d’Monette Schmit-Marx fir 40 Joer Aktivitéit. De Gustave Stoffel krut awer och nach zousätzlech vun der Union Grand-Duc Adolphe d’ Croix de mérite en vermeil fir séin Engagement als President vum Veräin wärend 20 Joer. Beim CIS-Biwer goufen mat de Medailen "Mérite de la Sécurité Civile" vum CGDIS d’Claudine Duhr mat der Medaille en bronze fir 10 Joer an d’Claudine Pletschette mat der Medaille en vermeil fir 20 Joer Déngscht, geéiert. Mir gratuléieren!