85ten Geburtsdaag, an dann och nach um Përmeshaff gebueren - daat ass EXTRA.

Den 18ten November 1934 ass d' Madame Margot Alfter - Reitz als jéngste Kand an eenzig Duechter vun hiren Elteren, dem Pierre Reitz an dem Catherine Hübsch ,um Përmeshaff am Schied vun der Pirminuskapell op d' Welt komm. 4 Bridder waren zu Noutem gebuer, just hiren Brudder René war och een gutt Joer virdrun um Përmeshaff gebuer ginn.

D'Famill hat zu Noutem um Knupp gelieft an ass 1928 als Piechter a Nofolger vun der Famill Mathias Schmitz-Reitz op den Haff um Përmesknupp geplënnert. Den Haff war am Besëtz vun der Famill Thilges vun Wolz an séit ronn 70ig Joer verlount. An deem no war och séin Zoustand, etwar neck einfach fir mat der grousser Famill iwwer d' Ronnen ze kommen. Wëll den Haff néck mi genuch abruecht huet , ass der Madame Margot hiren Papp op Wolz op d'Ideal schaffen gang. Hir Mamm huet sech doheem em deen ganzen Trapp Kanner gekëmmert an zesummen mat hirem Mann hu sie no Feierowend all Uebichten um Haff erleedigt. Die schon mi grouss Bridder sinn op Bitscht an d' Schoul gang, em die 5km all Daag. D Gemengenverwaltung vun Miecher huet dofir 40 Frang pro Joer un d' Gemeng Géischdrëf bezuelt. D' Liewen war alles anescht wie einfach, an esou haten der Madame Margot hir Elteren am Joer 1936 d' Pacht vum Haff no bal 9 Joer gekënnigt, ir den 28ten Oktober gèint 16 auer een grousst Feier ausgebrach ass. Den ganzen Haff ass romp an stomp bis op d' Maueren ofgebrannt, all Hëllef war emsoss. Gottseidank war kengem Mënsch eppes geschitt,an och d' Béischten an e puer Maschinen konnten gerett ginn.

Den 4ten November 1936 war zu Bitscht eng Héicht wou d' Béischten an d' Maschinen versteet gi sinn. An der Zeitung konnt e liesen dass nawell ordendlich Präisser gebueden guffen. Een klengen Trouscht fir die Leed gepréiften Famill vum Përmeshaff .

D' Famill Reitz- Hübsch ass op Waasserbëllig geplënnert an de Papp huet op der Cerabatti eng gudd Uebicht fonnt. Et war ee bessert Liewen fir d' ganz Famill an och fir d' Kanner war d' Schoul am Duerf an d' Madame Margot konnt sou guer, deemols schon, an d' Spillschoul goen.

Da war daat jo dann eigendlich dat lëscht Kapitel vum Përmeshaff, et guff gemunkelt d' Feier wär neck eleng entstann. D' Entschiedigung vun der Versecherung ass vum Proprietaire kasseiert ginn an d' Natur huet sech , lues an lues, no honnerten vun Joeren , d'Ruinen vum Haff erëm geholl.

Bis virun zwee Joer....dunn hunn , Les Amis de St. Pirmin vun Kaunerëf, d' Natur an Ëmweltverwaltung matt der Hëllef vum CNRA an villen fleissigen Hänn, ugefong, lues an lues, d' Konturen vum Përmeshaff erëm un Dagesliicht ze bréngen. Bis elo sin ërem 54 m vun de Maueren erausgebuddelt an mat der Hëllef vum Kulturministère befestigt ginn.

Een extraen Moment war et schonn wi mer , dëst Joer den 2 ten August,an de verkuelten Iwerreschter vun der Hausdier e groussen Schlëssel fond hunn, - den Hausschlëssel -. An wi den Zoufall et esou wëll, huet sech deen selwichten Dag de Marchel Probst- Hübsch vu Béiwen , fir Sonndes den 4ten Augustmat mat senger Tatta der Madame Margot Alfter- Reitz fir e Besuch ugemellt. - Die lëscht um Përmeshaff gebueren Persoun. Sie hott keng perséinlich Erënnerungen un hiert Liewen um Haff, wéi och , Sie hat mol keng zwee Joer wi d' Feier ausgebrach ass. An och hir Elteren hun neck vill vun deër Zeit erzielt, et war ebe néck die schèinsten Zeit an hirem Liewen .

Awer et war fir ais een besonneschen Moment wi mer der Madame Margot no 84 Joer konnten den Hausschlëssel an d' Hand ginn, an ech mengen et war och fir Sie een extraen Moment.

D' Madame Margot Alfter.- Reitz an hir Famill haten zu Waasserbëllig ee bessert Liewen, och wa Sie an de Krichsjoeren erëm grousst Leed haten. 3 vun hiren Bridder sin zwangsrekrutéiert ginn an 2 Bridder hunn hir Heemicht néck mi erëm gesinn. An der Rundstedtoffensiv war d' Famill op den Horgerhaff evakuéiert gin an d' Madame Margot ass op Wolz an d' Schoul gang.

D' Madame Margot Alfter- Reitz hat nu wierklich keen einfacht Liewen, awer Sie huet eng wonnerbar positiv Ausstrahlung, mer wënschen Hir dass Sie hiert Liewen nach laang kann genéissen an mer Sie nach dack um Përmesknupp erëm gesinn.

Beim Besuch um Përmeshaff waren derbei : d' Madame Margot Alfter- Reitz, hiren Jong den Här Nico Alfter an hir Schnauer d' Madame Fernande Alfter- Eipers, d' Madame Marie- Anne Hübsch- Theis, den Här an d' Madame Marcei an Sonja Probst- Hübsch, d' Madame Myriame Hübsch an den Här Nicola Hübsch.

Vill Gléck an eng gutt Gesondheet Madame Margot, - wënschen d' Amis St Pirmin Kaunerëf