Neies vum Përmesknupp weider archäologisch Ënnersuchungen um Përmermeshaff.

Am Summer 2018 hun mer matt villen Studenten an Freiwëlliger an de Wochen vun der Vakanz archäologisch Sondagen ënner der Leedung vum CNRA an der Adm. de la Nature et des Forêts gemaacht. Et war eng super Zeit an eis Uerbicht war erfolligreich. Een groussen Merci un all Bedeeligt. Verschieden Zeitungen hun eis Resultater veröffendlicht.. An sou ass et keen Wonner dass mer och an dëser Vakanz vum 15ten Juli bis den 9ten August erem um Përmeshaff buddelen . Mer schaffen ënner der Leedung vum CNRA matt der Madame Christiane Bis - Worch an dem Här Mathias Paulke , dem Sites et Monuments matt der Madame E. Koltz an der Adm de la Nature et des Forêts mam Här F. Theisen an C. Goeders. D' archäölogisch Leedung huet den Här Ändré Kirsch Am lëschten Joer ass d' Fassad vum Haff matt dem Pavé an der Mëschtenkaul ausgegruewen gin. Den Pavé an Drechenmauer sin am Mai an engem Drëchenmauer Cours befestigt gin. An dësem Summer konzentreieren sech eis Ausgruewugen op die lenksseitig niewen Gebeier. Och an dësem Joer machen mer, d' Amis St Pirmin Kaundorf, een Appel un all interesseiert Leit deenen et Freed mecht sech matt archäologischen Saachen zebeschäftigen., fir eis hëllefen ze kommen, elo schon villmols Merci . Weider Infoen um Tel. 839405 , 691190149 oder 899640 iwer mail thinick @ pt.lu oder albertthilmany@yahoo.lu