Trotz Virus an Pandemie - Päischtméindig um Përmesknupp

Wei schonn séit éiwegen Zäiten, - an dëst Joer awer ganz anescht - haten sech vill Leit zirka 130 Pilger ugemellt fir um Päschtméindig bei de Pirmin op de Përmesknupp ze kommen. Et war schonn eng speziell Stëmmung um Përmesknupp, wou d' Leit all sanitär Moosnamen , wi Desinfektioun vun den Hänn, strikten Ofstand a Masken droen , disziplinéiert an eescht iwwer sech ergoen gelooss hunn fir awer kënnen derbei ze sinn.

Mam Här Paschtouer Marco Wehles assistéiert vum Doumhär Fernand Huberty an dem Diakon Johannes Viaene, dem Organiste Carlo Grotz, den Sänger aus der Emgéigend zesummen matt allen Pilger ass eng schèin an ergräifend Mass gefeiert ginn.

Matt der Hoffnung am Häerz, dass och dës Kris emol eriwwer geet , waarden d' Amis de Saint Pirmin an all Veréierer vum Hl. Pirmin op nägst Joer fir dann och erëm mat enger Prossessioun vun Kaunerëf op de Përmesknupp ze pilgeren.


" Well, Pirminus, mer Mënschen, mer vertrauen op Dech,

a mer wëssen ¨Du léiss Äis an die Krank néck am Stech !

A wa mer da pilgeren , bei dech an Deng Quell,

da gëtt och di déifsten Däischtert rëm hell " ( Auszoch Gedicht vum Liliane Corette )


.