Assemblée Générale vun der Entente des Sociétés de Bonnevoie

Den 26ten Januar 2015 em 19h30 hat d'Entente hier Generalversammlung. Vill Leit waren komm. De Paschtouer Laurent Fackelstein war och présent! De Comité, den aus 5 Leit (Maisy Mehring, Guy Devos, Christopher Sirres, Max Zuccoli, Françoise Meier) bestoung, war äusserst frou, den Josy Kreutz, hieren langjähregen an fiablen Trésorier rem an hierer Mött begréissen ze können.
Och göt et neierdengs ee neien Gardenclub zu Bouneweg an och an der Entente: LES JARDINIERS DE BONNEVOIE.Mir konnten nach 2 weider Clibb an onser Entente wellkomm heeschen: D'Associazione Lucani an de Cercle Philatélique et Numismatique Hollerich-Bonnevoie, asbl .
D'Arlette Frascht( huet gefrot, fir een Numm fir de Centre Culturel, vleicht 'Centre Fernand Thill' , well soss d'Leit emmer bei hinnen urufen, déi sech un den Centre Culturel wenden wöllen. Déi zwou Keesereviseurinen (Arlette Frascht & Rita Herrmann) waren ganz zefridden mam Max Zuccoli, dem Président, sengem Keessebericht.
Ennert 'Divers' haten mir ons de Groupe 'Transition BO' firstellen gelos, de Louis Santiago an d'Magali Cahen, déi d'Place du Parc genau ennert d'Lup huelen wöllen an eng Give-Box installéiren wöllen loossen, wou een all seng Sachen, déi een net méi brauch, ofgin kann, fir dass Anerer sech drun erfréen können.
De Rapport könnt no.
Wöllt Dir eng Annonce an onser lokaler Zeitung 'Nouvelles de Bonnevoie' machen, da mellt Iech wann-ech-gliwwt beim Guy Devos, dem Vize-Président: degu@pt.lu oder um: 621 495 281. Dir könnt och gär an onsen Comité kommen, wann Dir an engem Club vun Bouneweg sidd.