Gellent Priesterjubiläum vum Chanoine Léon Kirsch, Priedegt vum Generalvikar Léo Wagener

„Mat Begeeschterung an Ausdauer“ - Gëllent Priesterjubiläum vum
Chanoine Léon Kirsch, Bouneweg, den 11. Juli 2015

Léiwe Jubilar, léiwe Priesterfrënd Léon,

Du verzeis mer w.e.gl., datt ech bei dëser Geleeënheet d’Priedegt halen. Ech maachen dat op Wonsch vum Här Paschtouer Laurent Fackelstein. Hien sot mir, datt - wann hien se misst halen, hien bei der üblecher Längt vu sénge Priedegten nëmmen bis bei deng Kaplounsjore komme géif, an dat wir jo schuet!“ Dunn hunn ech zougesot!
Ouni meng Hand wëllen derfir an d’Feier ze leeën, behaapten ech mol, datt deng Primizfeieren vum 10. an 11. Juli 1965 zu Holztem wuel dat gréissten Ereegnës waren, déi an dësem klengen éislécker Dierfchen an deene läschten 50 Jor gefeiert goufen.
Ech hu mech net verschwat, den Abbé Kirsch huet zwou Primizmassen gefeiert. Den 10. Juli gouf nämlich déi nei aménagéiert Holztemer Kierch vum Bëschof Leo Lommel konsekréiert. Mee deen huet e ganz aussergewéinleche Geste gemaach: Hien huet dem Neipriester vum Duerf de Privileg iwwerloos, fir déi éischt Mass um neien Altor ze feieren. Den Dag drop war dunn déi eigentlich Primiz.
Dee läschte Sonndeg hues du Dech bei Geleeënheet vun der Feier vun déngem Gëllene Priesterjubiläum zesumme mat den Duerfleit a mat Frënn an denger schmocker Heemechtskierch un dës memorabel Deeg erënnert.
Dem deemolege Bëschof Lommel war net entgaang, mat wiem hien et bei dësem jonke Geeschtlechen ze dinn hat. De Léon Kirsch war opgefall mat séngem schaarfsënnege Geescht, sengem sprëtzegen Humor, séngem dynameschen Engagement grad och bei der Jugend, senger Offenheet fir Neies, sénger schéiner a sëcherer Gesangssttëmm, séngem oppenen an onkomplizéierten Wiesen an Ëmgank mat de Leit a mat séngem groussen priesterlechen Dévouement.
De jonke Kaploun gouf dunn op dat opstriewend Nidderkuer genannt.Iwwrigens war eise fréieren Erzbëschof Fernand Franck zu däer Zäit säin Kaplounskolleg um Fousbann. A wann der Iech eng Kéier weglaache wëllt, da frot den Här Kirsch, no enger Verwiesslungskomödie zu Nidderkuer, wou hien een vun den Haaptakteure war. Méi wëll ech hei net verroden.
No enger 5järeger Kaplounszäit krut den Abbé Kirsch déi éirevoll Charge fir d’Nofolleg vum Jesuitepater Henri Spoden als Nationalaumônier vun de Jongbaueren a Jongwënzer an duerno vun der Lëtzebuerger Landjugend ze iwwerhuelen. Gläichzäiteg gouf hien Paschtouer zu Betten un der Mess. Während senger Zäit als Nationalaumônier vun 1970-1991 huet hien ënnert anerem d’Entwécklungsaarbecht am deemolge Zaïre, déi de Pater Spoden ugefaang hat, ënnert dem Motto „ Hilfe zur Selbsthilfe“ ausgebaut. Hien war een vun den éischten, deen Gruppen vu Jonker mat an Afrika op Visiten matgeholl huet, fir si hautno mat der einheimescher Bevölkerung an den Entwécklungsprojet’en vertraut ze maachen.
Dës Intuitioun sollt hir Friichten droen. Nach haut schwätzen d’Participanten vun dësen Afrikaexpeditiounen voll Begeeschterung iwwert dat Erlieftent a si hu sech zu Ambassadeuren vun der Entwécklungszesummenaarbecht zu Lëtzebuerg entwéckelt an doranner engagéiert.
Den Abbé Kirsch huet déi Jonk mat séngem Dynamismus a senger Eloquenz motivéiert an encadréiert mee ni kommandéiert. Hien huet och schwéier Zäite matgemaach an deem sougenannten Baueresträit, dee haut Gott sei Dank iwwerwonnen ass.
Zu Betten konnt den Abbé Kirsch nieft de Frënn an der Par doheem op seng zwou Jofferen: d’Joffer Léini an d’Joffer Mariechen, déi him de Stot gemaach hunn zielen. A si konnten op hien zielen, wéi si herno krank an teckeleg waren. Haut ass sëcher och fir den Abbé Kirsch de Moment fir am Gebiet dëse léiwen, diskreten Menschen mat engem déiwe Glaf Merci ze soen.
1991 ass den Abbé Kirsch op Wolz als Dechen a Regionaldechen komm. Nieft villen wertvollen pastoralen Impulser, déi hien do mat sénger Pastoraléquipe ginn huet, ass ënnert sénger Zäit e ganzt neit Porheem, den Home St Sébastien gebaut ginn, deen haut eng immens Wichtegkeet als pastoralen an administrativen Zentrum fir d’Pastoralregioun huet.
Den Erzbëschof Fernand Franck wollt hien am Krees vu séngen enken Beroder hunn an huet hien dofir an d’Doumkapitel beruff. Séng verantwortungsvoll Tâchen huet hien bis 2006 wouergeholl. Gesondheetlech Problemer hunn hien derzou bewegt, fir a Pensioun ze goen. Et war dat Joer, wou ech op Bouneweg komm sinn.
Mäi fréiere Chef bei de Jongbaueren a laangjäerege Frënd Léon Kirsch war op meng Demande hin direkt bereet, fir an eiser Par ze hëllefen.
Zënterhir ass hien duerch seng jovial Art een iwweraus beléifte Geeschtlechen, deen immens vill Sympathien bei de Bouneweger Leit huet. De Pastoralteam, d’Koschteren, déi Bénévoll an der Sakristei, d’Massendenger, d’Chorale, de Porverbandsrot, de Kiercherot, d’Veräiner aus der Por, d’Leit, déi bei hien an d’Mass kommen,si all wëssen den Engagement vum Chanoine Kirsch ze schätzen. Mat dem Abbé Kirsch kann ee gutt a vill laachen, mee mat him kann een och e sérieuxt Gespréich iwwwer Gott an d’Welt féieren, mat him kann een jonk bleiwen.
De Frënd Léon ass eng ideal Hëllef an eiser Par. Hien mécht sech net an d’Interna vun dem Porliewen an, mee hien ass einfach serviabel a stellt seng Déngschter zur grousser Zefriddenheet vun allen zur Verfügung. Op hien ass Verloos.
Den Abbé Kirsch hat bei de Jongbaueren an och soss a sengem pastorale Wirken eng Devise: Si heescht: Mat Begeeschterung an Ausdauer!- Dat huet hien daks op Kaarten an an Artikelen widderholl.
Wann ee keng Begeeschterung fir d’Saach huet, da kann een an der Pastoral net iwwerzeegen. Mee wann een keng Ausdauer huet, dann erreecht och dee Begeeschtertsten näischt.
Léon, du hues Dir d’Begeeschterung an d’Ausdauer bis haut versuergt! Merci fir däin Témoignage, fir deng Déngschter an dëser Por, fir deng Frëndschaft, fir däi 50jäeregt Priestersinn!
Ech muss elo esou lues ophalen, well soss net genug Zäit bleift, fir duerno beim Patt mat Dir iwwer deng aner Begeeschterungen, nämlich de Velossport, d’Fotoën, de Fussball, a vill aneres an d’Gespréich ze kommen.
Am Numm vum Här Paschtouer a vun äis all wënsche mir Dir dem Herrgott säi räiche Seegen fir däi priesterlecht Wierken a fir däin Matsinn mat äis.
Amen.

De Generalvikar Léo Wagener war sou fein, ons seng Priedegt vum 11.7.2015, Gellenen Priesterjubiläum, weiderzeleeden, iwwert den elekroneschen Wee, fir dass Dir se hei liesen könnt. Ech hun se sou schéin fond, well de Chanoine Léon Kirsch ee Beispill duerstellt.
Hei op der Foto ass de Chanoine Léon Kirsch ze gesin mam Président vun der Chorale Ste-Cécile vun Bouneweg (déi am Hierscht 'Honnert Joer' feiern waert), dem Paul Sinner, an matt M & Mme Heuschling.