Merci Jij, fir alles.

Bei Geleeënheet vun der Madame Jij Lnster-Bech hirer Pensioun, ass e Samsdeg, den 3. Oktober eng Danksagungsmass zu Bouneweg an der Kierch gefeiert ginn. Dës Mass gouf gehale vum Weibëschof Leo Wagener, dee laang Joren mat der Mme Linster zesumme geschafft huet. Um Ufank vun der Mass ass de Chanoine Tom Kerger, Paschtouer vun der Por “Lëtzebuerg Notre-Dame“ op déi verschidde berufflech Etappe vun der Mme Linster agaangen. 1982 huet si zu Bouneweg als Reliounsenseignante ugefaangen, wou si 1985 zousätzlech d’Tâche vun der Porassistentin iwwerholl huet. Dobäi huet si am Laf vun de Jore mat vill verschidene Paschtéier a Kapléin zesummegeschafft. Wärend hirem berufflechen Engagement huet si sech an der Kateches fir d’Kanner engagéiert, sief dat am Reliouns- oder Kommuniounsunterrecht, an de Kannermassen oder bei der Firmvirbereedung. Bei der Préparation au mariage, an der Familljepastoral an an der Por huet si awer och mat a fir déi Erwuessene geschafft. Esou munche Gruppen (Jeunes Mamans, Fraenequipe, Equipe vun der « Pastorale des funérailles ») stoung si mat Rot an Dot zur Säit.

Ganz wichteg fir si ass och d’Aarbecht mat de Mënschen, déi op der Strooss liewe mussen. Dofir huet si d’Charge iwwerholl fir déi sozial Projete vun der Gemeinschaft vu Bouneweg ze coordinéieren. An dësem, wéi och an anere Beräicher, wäert si och nach an hirer Pensioun weiderhin aktiv bleiwen.

D’Mass gouf gestalt vun der Chorale Ste Cécile ënnert der Leedung vum Här Laurent Willkomm mat Hëllef vum Jugendchouer « Joyful » ënnert der Leedung vum Här Antonio Capurso. Op der Uergel sinn si vum Här Daniel Malnati begleet ginn.

D’Mme Linster huet op e perséinleche Kaddo verzicht, si huet awer en Appell gemaach fir déi sozial Projeten ze ënnerstëtzen, an dat mat engem Don un d’Sozialequipe vu Bouneweg.

Mir soen der Mme Linster e grousse Merci fir alles a wënschen hir all Guddes fir den neie Liewensabschnitt. [Foto: Pierre Heuschling]