Generalversammlung bei der Société municipale des accordéonistes de Luxembourg
um weitere Bilder zu sehen.
Neie Veräinsdress nach dëst Joer
A senger Begréissung goung de President Marc Thill op 2 wichteg Punkten an.
D’Gemeng wäert am nächste Joer de ganze Komplex Victor Hugo renovéieren an ausbauen. D’SMAL kritt dann en neie Sall a fir d’Geplënners doranner huet d’Gemeng Hëllef versprach.
Schonn d’lescht Joer huet de Comité d’Uschafe vun engem neie Veräinsdress decidéiert. E besteet aus enger Blouse (fir d’Dammen) bzw. engem Hiem (fir d’Hären) an enger Jacquette. Et gëllt elo fir déi richteg Gréisste fir jidder Eenzelnen erauszefannen, dofir heescht et umoossen. De President huet d’Hoffnung, datt mer déi nei Kleedung bis spéitstens d’Rentrée 2026 kréien.
Mat enger Gedenkminutt fir déi 3 Memberen, déi am Laf vum Joer gestuerwe sinn (Fernand Buchholtz, Irène Goergen-Nau, Pierre Goergen) gouf u si erënnert.
De President huet drop gehal, fir jidderengem Merci ze soe fir Aktivitéit, Presenz an Engagement.
Ier de Sekretär Romain Kraus (mat der Co-Sekretärin Eliane Weis) de Rapport iwwert d’Aktivitéitsjoer gemaach huet, war et him wichteg fir dem Guy Schmit an dem Danielle Ludwig extra Merci ze soen. De Guy bréngt d’ganzt Material fir akustesch Verstäerkung vun eise Concert-en mat a riicht et op an of. D’Danielle këmmert sech em d’Relatioune mat der Press an em d’Homepage vun der SMAL.
Am vergaangene Joer hate mer 37 Prouwen, 6 Concert-en, goungen, wéi all Joer zënter 1983, an der Iechternacher Sprangpressessioun mat. Net ze vergiessen och d’Organisatioun vun der “Journée de l’Accordéon” am Oktober.
Aus dem Rapport vum Tresorier Brice Junius geet ervir, datt d’Finanze gesond sinn. Besonnesch Freed mécht de substantielle Subsid vun der Gemeng Lëtzebuerg. D’Keesskontrollere Vic. Kolb an Beate Czech attestéieren och dës Kéier eng exemplaresch an akribesch Keesseféierung. Si drécken dem Brice Junius an dem Romain Kraus hire Respekt aus fir déi vill Aarbecht bei der Comptabilitéit fir de Veräin a fir de Museksunterrecht.
Et bleift festzestellen, datt de Solfège- an Instrumentenunterricht, deen de Mher Mkrtchyan leet, e grousse Succes ass. Aktuell kommen 49 Schüler (aus all Alter), vun deenen déi meescht Solfège wëlle léieren a grad emol 6 Elèven, déi d’Akkordeonspille léieren. Déi aner begeeschtere sech fir Keyboard oder Trompett.
Eestëmmeg ginn d’Membere per Aklamatioun d’Decharge fir Sekretariat a Keess.
D’Presenzen an de Prouwen a bei de Concert-en hunn zougeholl. Trotzdeem appelléiert den Dirigent Romain Kraus u jiddereen, fir nach méi äifreg matzemaachen.
Et war nach Geleeënheet fir en Austausch iwwer divers Uleiesse vun de Musikantinnen a Musikanten.
D’Generalversammlung gouf dann ofgeschloss bei engem gudde Patt an engem delikate Maufel.
Dem Patty Kohnkow seng Kandidatur fir de Comité gëtt eestëmmeg guttgeheescht. Domat ass de Comité nees komplett a setzt sech esou zesummen : Tom Conrad, Brice Junius, Patty Kohnkow, Romain Kraus, Guy Schmit, Marc Thill, Eliane Weis. Déi eenzel Charge ginn an der nächster Comités-Sitzung verdeelt.
D’SMAL empfielt sech, fir och op Ärem Fest oder bei enger anerer Geleeënheet mat engem Bouquet vu bekannten a beléifte Melodien Ärem Public e kuerzweilegen Nomëtteg oder Owend ze bidden. Fir méi Detailer kuckt w.-e.-g. ënnert www.accordeon.lu