D’Klassekomerodinnen a -komeroden aus der Spillschoul/Primärschoul vum Joergang 1961 hu sech zu Waasserbëlleg getraff fir zesummen déi gudd al Zäiten opliewen ze loossen. Eng besonnesch Freed huet d’Presenz vun 2 Léierinnen, der Madamm Calteux an dem Vicky Schiltz, gemaach.
Nom Éierewäin an der Gemeng war eng Visite vum nei gemaachten Aquarium um Programm. D’Betruechte vun einheimeschen an och exotesche Fësch konnt Staunen a Begeeschterung ausléisen.
Bei engem gudde Maufel am Bistro Aquarium gouf den Owend gemittlech mat Verzielen, Austauschen an zesumme Laachen ausklénge gelooss.