35. International Konschthandwierker-Deeg an der Buerg

35. International Konschthandwierker-Deeg an der Buerg
Eng Organisatioun vum Syndicat d’Initiative aus der Gemeng Jonglënster

De Weekend vum 20. an 21. Juni stoung desst Joer erëm eng Kéier am Zeechen vun de Konschthandwierker-Deeg an der Buerg. Eng Hällewull vu Leit konnte sech déi zwee Deeg vun der Qualitéit, déi hinne gebuede gouf, iwwerzeegen.

D’Verkaafsstänn waren vum ënneschten Duerf bis erop op d’Schlass verdeelt. Och am Schlass hat en d’Méiglechkeet d’Wueren vun 17 Aussteller ze bewonneren an ze kafen.

126 Handwierker haten de Wee an d’Buerg fond, fir de Leit hiert Handwierk virzestellen. Vun deene waren 29 Aussteller desst Joer fir d’éischt mat derbäi.

Eis Duerfveräiner hunn, wéi all Joer, fir dat leiflecht Wuel vun de Visiteuren gesuergt.

D’Aussteller an den Organisateur waren mam Resultat vun deenen zwee Deeg zefridden.

Wéi schonn déi Joeren virdrun, kann e soen dass de Wee an d’Buerg sech erëm eng Kéier gelount huet.

De Comitée vum Syndicat d’Initiative freet sech op déi nächst Editioun, déi den 18. an 19. Juni 2016 um Programm steet.