36. International Konschthandwierker-Deeg an der Buerg.

De Weekend vum 18. a 19. Juni stoung desst Joer erëm eng Kéier am Zeechen vun de Konschthandwierker-Deeg an der Buerg. Eng Hällewull vu Leit konnte sech déi zwee Deeg vun der Qualitéit, déi hinne gebuede gouf, iwwerzeegen.

D’Verkafsstänn waren vum ënneschten Duerf bis erop op d’Schlass verdeelt. Och am Schlass hat en d’Méiglechkeet d’Wueren vun 20 Aussteller ze bewonneren an ze kafen.
120 Handwierker haten de Wee an d’Buerg fonnt, fir de Leit hiert Handwierk virzestellen. Vun deene waren eng dozen Aussteller desst Joer fir d’éischt mat derbäi.

Eis Duerfveräiner hunn, wéi all Joer, fir dat leiflecht Wuel vun de Visiteuren gesuergt.
D’Aussteller an den Organisateur waren mam Resultat vun deenen zwee Deeg zefridden.
Wéi schonn déi Joren virdrun, kann e soen dass de Wee an d’Buerg sech erëm eng Kéier gelount huet.

De Comité vum Syndicat d’Initiative freet sech op déi nächst Editioun, déi de 17. an 18. Juni 2017 um Programm steet.