36. International Konschthandwierker-Deeg zu Buerglënster den 18. a 19. Juni 2016

Heimat welle mer eise Visiteuren vun de Konschthandwierker-Deeg zu Buerglënster matdeelen, dass aus Wiedergrënn de Parking leider net zu Buerglënster selwer ka sinn, mee dass den P+R vun Jonglënster aus funktionéiert.

Folgend Parkingen zu Jonglënster kënnen genotzt ginn : Parking vum Centre Polyvalent Gaston Stein, P&R Jonglënster beim Recycling Center (am Ausgang vu Jonglënster Richtung Echternach), Parking Loupescht, Parking op der Gare.

D’Parkingen an de Wee dohin sinn ausgeschëldert. Vun dësen Parkingen fiert regelméisseg eng Navette op Buerglënster virun d’Entrée vun den Konschthandwierker-Deeg an zréck op Jonglënster.

Mir soen Iech villmools Merci fir Iert Verständnis.

De Comité vum Syndicat d’Initiative aus der Gemeng Jonglënster