BUERGBRENNEN zu Buerglënster

Den Dësch-Tennis Buerglënster huet och dëst Joër nees d'Buergbrennen organiséiert, an daat elo schon fir déi 22ste Kéier. Am Januar si mir zu Buerglënster, Amber an Eeseber d'Krëschtbeemercher asammle gaangen, hun am Februar am Bësch Staangen an Äscht geschnidden, fir dass d'Buerg och gutt kéint brennen. Freides virum Buergbrennen ass dun d'Zelt an d'Buden opgeriicht gin, a Buergsamsdeg ass ët um 09.00 Auer lass gaangen fir d'Kräiz ze bannen an opzeriichten. Um 13.00 Auer ware mir färdeg an duerno huet d'Präsidentin eis op e Grillnomëtteg agelueden. Sonndesowes sin d'Leit um 19.15 Auer mam Fakelzuch a mat den Samb'Aseres, déi Batucada gespillt hun, bei d'Buerg gezunn fir se a Brand ze steechen. Ët gouf och eppes Guddes vum Grill, frësch Lënsenzopp an e gudde Patt fir sech schmaachen ze loossen. MERCI deene ville Leit, déi sech bei deem drëche kaale Wiëder dës aal Traditioun nët entgoë gelooss hun.