BUERGBRENNEN zu Buerglënster

Den Dësch-Tennis Buerglënster huet och dëst Joër nees d'Buergbrennen organiséiert, an daat elo schon fir déi 24ste Kéier. Am Januar hu mir zu Buerglënster, Amber an Eeseber d'Krëschtbeemercher agesammlt, an am Februar am Bësch Holz gemaach. Buergsamsdeg hu mir dun um 09.00 Auer ugefaangen d'Kräiz opzeriichten. Buergsonndeg hu mir ab 17.00 Auer fir Iessen a Gedrënks bei d'Schoul gesuergt. D'Leit déi komm sin, konnten sech bei engem gudde Patt, eppes vum Grill oder selwer gemaachten Lënsenzopp schmaachen loossen. Um 18.45 Auer ass de Fakelzuch mat de Samb'Aseres op de Lampertsbierg gezun, fir dann um 19.00 Auer d'Buerg a Brand ze stiechen. E grousse MERCI all deene Leit, déi eis nees ennerstëtze komm sin.