BUERGBRENNEN zu Buerglënster

Den Dësch-Tennis Buerglënster huet och dëst Joër nees d'Buergbrennen organiséiert, an daat elo schon fir déi 23ste Kéier. Am Januar hu mir zu Buerglënster, Amber an Eeseber d'Krëschtbeemercher agesammlt, an am Februar ass am Bësch gutt geschafft gin, fir dass mir och genuch Material haaten, fir d'Buerg kënnen opzeriichten. Buergsamsdeg ass ët um 09.00 Auer lass gaangen fir d'Kräiz ze bannen. Well ët Sonndes dee ganzen Daag awer stiermesch war, hu mir d'Iessen an d'Gedrënks missten bei d'Schoul verléën. D'Leit déi komm sin, konnten sech bei engem gudde Patt, eppes vum Grill oder selwer gemaachten Lënsenzopp schmaachen loossen. Well d'Wiëderkonditioun sech am Laaf vum Owend e besschen verbessert haat, konnt den Fakelzuch awer nach géint 20.00 Auer bei d'Buerg zéien, fir se a Brand ze steechen. E grousse MERCI all deene Leit, déi sech bei deem stiermesche Wiëder dës aal Traditioun nët entgoë gelooss hun.