R A C K E T L O N

Den 10. Februar 2019 hun déi 4 Rackettesportsveräiner aus der Gemeng Jonglënster (Dëschtennis Buerglënster, Dëschtennis Lënster, Badminton Jonglënster an Tennis Lënster) zu Gonschten vun Télévie hiren éischten Racketlon-Tournoi zesummen organiséiert.

An dësem Tournoi ass an den dräi Sportaarten Dëschtennis, Badminton an Tennis géinteneen gespillt ginn.

Fir déi éischt Editioun konnt vun engem groussen Erfolleg geschwat ginn, wat sech duerch iwwer 50 Sportler bemierkbar gemaach huet, genau sou wéi duerch déi gutt Stëmmung déi um, an niewent dem Terrain de ganzen Dag an der neier Sportshal "Op Fréinen" präsent war.

Sou konnt och eng schéin Zomm fir Télévie gesammelt ginn, déi dann den 27. Abrëll um Dag vum Télévie iwwerreecht gëtt.

Mir gesinn eis dann d'nächst Joer op der zweeter Editioun!