Mitglieder vum DEA- Virstand offiziell verabschied


Buurschent: Den DEA -Ausschuss (Distribution d´Eau des Ardennes) huet viru kuurzem am Kader vun enger Feier die Mitglieder, déi no den Gemengewahlen dem neien Virstand vum Syndikat nit méi ugehéieren offiziell verabschied. A senger Laudatio huet de President Charel Pauly allen austriedenden Mitglieder och villmols Merci gesoot fir di gudd Zesummenaarbicht an all denen Joeren. Mat engem gut gefëllten Präsentkuerf sin folgend Leit geéiert gin. Raymond Shinn, Antoine Rodesch, Marc Binsfeld, Romain Braquet, Patrick Comes, Gilbert Leider, Philippe L’Ortye, Servais Majerus, Paolo Malerba, Jean- Paul Mousel, Pierre Pletschette, Luc Recken, Henri Rinnen, Tom Schaus, Guy Schon, Armand Schuh, Marcel Thommes, Guy Trausch, Georgette Weber, Claude Weiler, Nico Weis a François Wirth. Och ass un de Mike Hieff geduecht gin, den leider kuurz virun deser Abschiedfeier verstuerwen ass. (CR) (Foto: Charles Reiser)