20. Mee ass Weltbeiendag

Den 20. Mee ass Weltbeiendag!

De 7. Mee gouf dësem Evenement zu Branebuurg mat der Aweiung vun der „École du Goût“ well virgegraff! Wie kennt dann haut nach natiirlich Goûen? Bal all Liewesmëttel a Genossmëttel gi jo mat kënstlichem Geschmaach aus der Ampoulle zumindest opgebessert, wann nët souguer ganz fabrizéiert.

Weltbeiendag miss jo dann och Welthunnigdag senn! 46 % vum Handelshunnig an de Geschäfter an der EU ass gefälscht (COPA-COGECA Pubikatioun 2023).

Bäim Victor Jungels konnten d´Leit vun der Genosswanderung de Goût vum Naturhunnig aus der Wab vum Beiestack genéissen. Méi wi 130 Persounen hunn dovu gebrauch gemaach!

Paul Jungels