De Sängerbond HELVETIA Tandel ass och um Landjugenddag derbäi!

No eisem grousse Succès mat der Opféierung vun der MisaTango vum Martin Palmeri am CUBE hu mir lo di grouss Éier, fir um 47. Landjugenddag, den 18. Mee moies ëm 9:30 Auer zu Tandel, d´Jugendmass mam Här Äerzbëschof Jean-Claude Kardinol Hollerich ze sangen.

Mir se frou, dat och eng Rei fréier Sängerinnen a Sänger vun de Jongbaueren a Jongwënzer bäi dësem Projet mat maachen. Rdv. ass also den 18.Mee 2023 ëm hallwer 10 zu Tandel am Brill.

Paul Jungels