Vokal Musik maachen heescht Musik maache mat deem individuellsten Instrument wat et gëtt, mat der mënschlicher Stëmm. D’Stëmm vun all Mënsch ka
-lues oder kraftvoll sënn,
-si ka wiermen - oder killen,
-si ka leidenschaftlich lackelen – oder Distanz schafen,
-si kann zäertlich sënn, verspriechen, Zauber ausléisen, virtuos a betörend sënn oder
si kann eis an Aangst a Schreck versetzen.
D’Stëmm ass de Spigel vun der Séil, seet de Sänger an Dirigent Marion Michels. Wee vun eis wëll se net selwer hunn – oder zumindest héieren, eng Stëmm di dréit, di beweegt, déi an dat Bannenzicht vum Mënsch réiere geet?
Eis Prouwe si freddes owes ëm 19:30 Auer zu Baastenduerf am Musikssall. Einfach kommen. Et muss ee weder Noute liese kënnen nach muss een Erfarung mat Sangen oder Musik hunn.
Eisen nächste groussen Optrëtt ass den traditionellen
Dräikinniksconcert:
- samsdes, den 9 Januar 2027 zu Branebuerg an der Kierch
- sonndes, den 10. Januar 2027 zu Stolzebuerg.