Mam Sängerbond Helvetia den 18. Oktober op Mäertert op de Miseler Owend!

Hutt Dir Lost zesumme mat is op d´Musel ze fueren?

Den 18. Oktober sange mir e Concert zu Mäertert. Selbstverständlich geet et mam Bus dohin. Schliisslich wëlle mir och deen een oder anere Pättchen drénken.

Mir hun nach e puer Plaze fräi!

Mellt Eech bäi is wann Dir interesséiert sidd. De Bus ass gratis. Dir musst Eech just zu Mäertert umelle wann Dir e Wënzerteller wëllt, well daat ass nëmmen op Bestellung: Entrée 10€, mat Wënzerteller 30€. Tel: 740322

Lass geet et zu Tandel bäi der Schull, Reservatioun fir de Gratisbus: 691 668 138 Monique Zenners-Mores oder per Email op mzenners@pt.lu