Sängerbond HELVETIA op diplomatischer Missioun

Op Invitatioun vun der Armenischer Ambassade zu Lëtzebuerg wär de Sängerbond Helvetia e Mëttwoch 30. September an der Stad.

D'Republik Armenien huet den 21. September 1991 seng Onofhängegkeet proklaméiert.
Fir de 35. Joresdag huet d'Armenesch Botschaft zu Lëtzebuerg Vertrieder aus der lëtzebuergescher an europäischer Politik, der Diplomatie, der Wirtschaft an der Zivilgesellschaft op eng Receptioun invitéiert.

Iwwrigens: Di armenisch Nationalhymn heescht Մեը Հայըենիք (= Mer Hayrenig), wat ee mat Ons Heemicht kann iwwersetzen !