Après-Midi Coopération Nord-Sud

Après-Midi Coopération Nord-Sud

Aussergewéinlech, villfälteg, informativ, esou kann een déi puer Stonnen de leschte Samschdeg um Briddel definéieren, mee wat war dann um Programm ?

Et wär déi éischte Kéier datt d’Ausstellung « Nord-Sud : Engagement pour un développement durable » engem erwuessene Public oppe stoung. Dës Fotosausstellung huet als Ziel speziell jonk Leit ze encouragéiere fir sech anzesetze fir méi Gerechtegkeet an dëser Welt.

D’Liewe vun de Stroossekanner aus dem Slum vu Korogocho huet de Pater Maurizio dem Publikum méi no bruecht. Den Teenagers aus dësem Äermevéierel vun Nairobi (Kenia) eng besser Zukunft ze erméiglechen ass seng Missioun an hie gëtt doran ënnerstëtzt duerch d’ONG Coopération Nord-Sud.

An der Generalversammlung koum dunn déi aussergewéinlech Zesummenaarbecht an d’Kompetenz vun dëser klenger, ma ganz aktiver Equipe zum Virschäin.

Bereetschaft zu nach méi Asaz an zefridde Gesiichter waren d’Conclusioune vun dësem flotten Nomëtteg.