Stroossekanner vu Korogocho (Kenia) eng besser Zukunft erméiglechen

Schüler vum Cents schaffe fir e Projet vun der ONG Coopération Nord-Sud

Datt aneren hëllefen net vum Alter oofhängt, dat hunn d’Kanner aus dem Cycle 3.2 a 4.2 vum Cents eis bewisen. D'Kanner aus der Grondschoul hu matgemaach!  D’Léierpersonal huet alles organiséiert an et goung lass: Mat enger grousser Begeeschterung gouf gebastelt, dunn verkaaft.

Déi engagéiert Schüler hate selwer proposéiert der ONG Coopération Nord-Sud den Erléis vu 650€ ze iwwerweisen. Wou si dunn d’Liewen am Aarmevéierel vu Korogocho (Nairobi/Kenia) virgestallt kruten, goufe vill Froe gestallt.

D‘Schüler wore frou duerch hier Aktioun kënnen zum Bau vun Ateliere bäizedroen, déi et den Teenagers vun der Strooss erméiglechen e Beruff ze léieren an sech esou eng besser Zukunft opzebauen.