Eng aussergewéinlech Stonn

D’ONG “Coopération Nord-Sud” (www.cns-asbl.org)  huet sech op de Wee fir an de Lycée Nic-Biever zu Diddeleng gemaach wou se de Schüler hire Projet zu Korogocho  virgestallt hunn. Diddelenger Schüler hunn eng aner Schoulrealitéit entdeckt, andeems se gesinn hunn wat d’ONG alles zu Korogocho (ee Slum vun Nairobi am Kenia) fir d’Educatioun opgeriicht huet (Schoul, Bibliothéik asw.). De Feedback vun de Schüler huet gewisen dass si d’Wichtegkeet vun der Bildung fir d’Onofhängegkeet verstanen hunn an dass d’Schüler an anere Länner ganz verschidde Realitéiten erliewen.

Niewent de Presentatiounen (Photopresentatioun a Pressepresentatioun), hunn d’Schüler och aktiv matgeschafft, andeems se an deene verschidde Workshoppen deelgeholl hunn. Si hunn dobäi Messagë fir déi jonk zu Korogocho hannerlooss, a Videoe gedréint bei deene Schüler sech iwwer d’Thema ausgeschwat hunn an Zeitungsannoncë geschriwwen.

D’Videoen a Fotoe vun der Geleeënheet kann een op Facebook (Northsouth Cooperation - Coopération Nordsud oder LNB TV - Lycée Nic Biever) nokucken.