Emotional Gedenkfeier zu Brouch (Biwer) . . .

. . . .zu Éiren vun dem Poly Greisen an dem Jean Hemes déi viru 70 Joer zu Brouch um Enn vum 2. Weltkrich op eng brutal Manéier hiert Liewen gelooss hunn.

De Schäfferot vun der Gemeng Biwer hat e Freideg, den 10. Oktober 2014 op des Gedenkfeier bei der frësch renovéierter klenger Kapell op Brouch (Biwer) invitéiert.

Vill Leit, ech menge souguer dat e soe kann dat ganz vill Leit de Wee op Brouch fonnt haten vir béi dëser ganz gutt organiséierter Feier derbäi ze sinn. Niewent villen Awunner aus der Biwer Gemeng an aus de Nopeschdierfer solle mer hei awer besonnesch Präsenz vu ville Memberen vun de Resistenzorganisatiounen an den Zwangsrekrutéierten ervirsträichen, déi zesummen mat de Famillen vun den 2 Verstuerwenen dropgehalen haten bei dëser Gedenkfeier derbäi ze sinn. Et ass dat eng besonnesch Unerkennung wärt, dat soll ervirgestrach ginn, genau esou ewéi d´ Präsenz vu de Buergermeeschteren a Vertrieder aus de Nopeschgemengen, dem Här Dechen Bache vu Gréiwemaacher, de Nationalpresidenten vun den Enrôlés de Force an de Resistenzorganisatiounen,vun de Veräiner aus der Biwer Gemeng.

E Puer Wuert (1) zum trageschen Doud vum Poly Greisen an dem Jean Hemes:

» Zwéi Lëtzebuerger Resistenzler aus dem Mierscher Kanton, de Jäng Hemes aus der Fiels an de Poly Greisen vu Miedernach, allebéid Membere vun der Resistenzorganisatioun LVL, hunn sech drop gefreet, fir endlech erëm hir Fräiheet an engem liberéierte Lëtzebuerg genéissen ze kënnen.
Méindes, den 11. September 1944 – deen éischten Dag no der Liberatioun vun eiser Haaptstad duerch d’Amerikaner – decidéieren déi zwéin, op Lëtzebuerg ze fueren, zesumme mam hirem Frënd Albert Meyers, Grënner vum Resistenzgrupp LRL, dee schonn zënter aacht Méint zu Miedernach verstoppt souz a sech elo vergewëssere wollt, wat sech am Comité Central vun der Union an der Stad doe géif.
Si woren nomëttes mat zwéin Autoen an der Fiels fortgefuer. Zu Allënster hunn d’ Leit hinne gesot, d’Géigend wier nach ganz onsécher, et léichen nach iwwerall versprengte Preisen. Doropshin ass den Albert Meyers direkt iwwer Amber an d’Stad gefuer. De Jäng Hemes an de Poly Greisen wollten ower nach eng Kommissioun zu Iernster besuergen. Si sinn op Buerglënster zou gefuer. Baussent dësem Duerf ass dat Schrecklecht du geschitt : déi zwéi Resistenzler, mat hirem rout-wäiss-bloe Brassard um Arem, si vun engem Grupp SS gestoppt ginn. Si goufen op ee Camion gelueden an als Gefaangener an enger laanger Kolonn vu Militärween iwwer Gonnereng an Eeschwëller op Brouch (Biwer) zou matgeholl.
Wéi op eemol britesch Fliger opgedaucht sinn, hunn d’Militärween stall gehalen an Deckung gesicht ënnert de Stroossebeem; an d’Zaldote sinn aus hire Gefierer erausgespronge an hu sech am Stroossegrouw verstoppt. Heivunner hunn déi zwéi Lëtzebuerger, déi nach eleng am leschte Camion souzen, profitéiert, fir sech duerch d’Wisen an Direktioun Buddeler duerch d’Bascht ze maachen. SS-Zaldoten hunn dat gesinn a mat engem Maschinnegewier op d’Flüchtlinge geschoss, déi leider och getraff goufen. Mat Aarm a Been hunn d’Zaldoten déi zwéi Blesséiert bis duer geschleeft, wou d’Strooss vun Hemstel an d’Strooss Brouch-Bech erakënnt. Hei stoungen zwéi Stréikéip, déi d’SS-Männer a Brand gestach hunn; duerno hunn d’Barbaren déi zwéin Onglécklecher an d’Feier gehäit an nach opgepasst, datt se och net méi aus de Flamen erauskéimen. «

Eng Kapell ass zu Brouch zu Éieren vum Jean Hemes a Poly Greisen opgeriicht ginn:

Et wor den Paschtouer Meyris (Par Eeschwëller), deen d´ Iddie lancéiert huet, op der Plaz wou de Buedem vum Blutt vun den zwee Verstuerwenen gedrängt ginn ass, eng Gedenkplaz zu hirer Erënnerung opzeriichten. De Paschtouer Meyris, de Joseph Greisen, Papp vum Poly Greisen, mat Hëllef vun de Schoulmeeschteren vu Bech, Hemstel a Buerglënster hunn bei Frënn a bekannten Sue gesammelt vir eng Kapell opzeriichten. D´ Kapell ass erbaut ginn a gouf den 28. September 1947 ageweit. An der Kapell ass eng Plaque mat folgendem Text opgehange ginn: „D' Freihèt kènt mat Tanken iwert d'Stross gerannt, zwe' freier Hèrzer brennen a bludden fir hirt Hémechtsland. Neip dech Vollék an de'wem Respekt virun desem Affer."

Restauratioun vun der Kapell: No 70 jar war et néideg a wënschenswäert ginn, déi kleng Kapell zu Brouch (Biwer) ze restauréieren. Déi éischt Ureegung heizou koum vum Etienne Kleyr vum Geyeschhaff (Bech). D´Kapell ass dunn 2014 vun der Biwer Gemeng mat der Ënnerstëtzung vum Kulturministère (Service des Sites et Monuments nationaux) restauréiert ginn. Am Interieur vun der Kapell ass och eng gliesen Informatiounstafel mat dem Oplaf vun alen Evenementer opgehange ginn.

Den Ofschloss vun der Restauratioun an de 70.ten Erënnerungsdag war den Ulass vun dëser Gedenkfeier un de Poly Greisen an den Jean Hemes. Bei dëser Feier hunn de Marcel Ewers als Vertrieder vun der Iechternacher L.P.P.D. Sektioun an de Buergermeeschter Nicolas Soisson vun der Biwer Gemeng d´ Wuert ergraff. Ganz vill Opmierksamkeet huet de Virtrag vum Historiker Stee Kayser fonnt, deen vun de Leit déi bei der Gedenkfeier derbäi waren mat groussem Interessie verfollegt ginn ass, duerno huet den Här Dechen Claude Bache déi nei Informatiounstafel geseent.
No dem Optrëtt vun 2 Schoulklassen vun der Biwer Primärschoul mat Texter, Versen an Erzielungen ass d´ Sonnerie aux Morts gespillt, an duerno d´ Heemecht zum Ofschloss gesonge ginn.

Eng wierdeg a memorabel Gedenkfeier bei der renovéierter klenger Kapell zu Brouch war domatter eriwwer. Vergiesse mer déi zwee Resistenzler net, hale mir si an déiwer Erënnerung. Ech invitéieren Iech och emol zum Gedenken un déi zwee Resistenzler bei der schéiner Gedenkkapell stoen ze bleiwen. An esou ewéi um neie Panneau steet, wëlle mir denken:
» Fir déi ellen Zäit vum 2. Weltkrich net ze vergiessen a fir och nach haut virun Aen ze halen, datt Fräiheet a Fridde keng Selbstverständlechkeet sinn, sollen déi kommend Generatiounen des Plaatz an Éieren halen. «

Zum Ofschloss awer nach eng grouss Unerkennung un déi perfekt Organisatioun vun der Biwer Gemengeverwaltung vir des Gedenkfeier.

© Text a Fotoen: Fred Schaaf - 2014

(1) Artikel vum Aloys Raths, publizéiert am « Rappel No 1/2005 » ënnert der Iwwerschrëft: » Den éischten Dag no der Liberatioun : 2 Resistenzler vun der SS massakréiert «