FLMP BRAINSTORMING VUM 07.10.2022

F L M P B R A I N S T O R M I N G vum 07.10.2022


D'Lëtzebuerger Wandersportfederatioun hat seng Veräiner fir en "Brainstorming" an den Auditoire vun der Coque invitéiert.


Bei konstruktiven an interessanten Diskussiounen ass proposéiert ginn dass d'IVV-Wanderungen erëm sollen méi populär gemaach gi. Dëst nom Motto : Wou IVV drop steet, soll och IVV dra sinn. Praktescht heescht dat dass d'Startzeiten de Besoin sollen ugepasst gi, Kontrollen erëm besat ginn a virun allem déi gewinnte Streckelängten vu 5km, 10km an 20km sollen an all Programm dra sinn.


Doriwwer hinaus sollen Informatiounsbroschüren gewëssenhaft un "débutants"verdeelt gin, an en PW-Starter-Cup agefouert ginn. 2023 soll et en "Wandersummer-Mount" ginn, mat all Dag eng aner IVV-Wanderung, engem Concours "Lëtzebuerg wandert ronderëm d'Welt" a villes méi. En neien Slogan soll gesicht ginn fir d'Wanderen besser duerzestellen. Vir 2022 ass nach eng, an Zesummenaarbecht mat der "Stemm vun der Strooss" Wanter-Spende-Aktioun" geplangt.

Mir soen all Veräin fir séin Interesse an aktiv Mataarbecht e grousse MERCI