3. FLMP-Marathon „Zu Fouss op d’Fouer“

Schonns fir déi 3te Kéier huet d’Lëtzebuerger Wandersportfederatioun de Marathon „Zu Fouss op d’Fouer“ organiséiert. No Departen zu Dikrech an zu Réiden ass et dëst Joer zu Konsdref fortgaangen.

No enger klenger Stäerkung mat Kaffi a Croissant hunn sech um 7 Auer moies 32 couragéiert Wanderer op de Wee gemaach a Richtung Stad. Mam Guide Marcel Baustert goung et iwwert de Sentier du Mullerthal Richtung Blummendall, Jonglënster, Buerglënster bis op Eesebuer.

Op all Etappe stoung de Ravitaillement prett an iwwerall hunn sech weider Wanderer dem Grupp ugeschloss. Zu Eesebuer hunn d’Lënster Trëppler d’Mëttespaus preparéiert an hei ass och eng kleng Rascht ageluecht ginn.

Weider goung et laanscht de Schetzel iwwert de Stafelter bis op Dummeldeng, wou déi lescht Wanderer derbäi gestouss sinn. Géint hallwer 6 ass de Wandergrupp, den op 54 Wanderer gewuess war, zefridden op der Schueberfouer ukomm.

Belount mat engem Diplom, Aufnäher a Pins konnt jiddereen sech nach eng Kéier op der Fouer stäerken, är de Bus d’Leit erëm zréck op hir verschidde Startplazen zréck bruecht huet.