Kuch fir den gudden Zweck

Cents - D’Schoulkanner vun de Klassen C3.1 A an C3.1 D aus der Ecole fondamentale Cents haten op Eegeninitiativ hin Kuch, Wäffelcher, Muffins a Kichelcher gebak an se an den zwou Pause Mëttwochs den 11. Mee verkaf.

Sie hunn de  grousse Montant vun 888,34 € zesumme kritt. De ganzen Erléis gëtt un d’Rout Kräiz Lëtzebuerg gespent, fir d’Läit an der Ukrain ze ënnerstëtzen.