Grouss Fréijoersbotz um Cents : onse Quartier, ons Ëmwelt

Cents. D’Schoulkanner aus der Ecole fondamentale Cents hu sech wärend der Woch vum 10. bis den 13. Mee un enger grousser Fréijoersbotz an hirem Quartier bedeelegt.

Vu Kleng bis Grouss, Cycle 1 bis 4, huet jiddweree fläisseg gehollef den Dreck opzesammelen, an duerfir gesuergt, dass en an d’Dreckstut kënnt, wou en higehéiert.

No der Botzaktioun, ass de Bierg vu 25kg an enger Foto festgehale ginn.
D’Kanner sinn sech bewosst, méi op hir Ëmwelt opzepassen a si mam gudde Beispill virgaang.  Bravo fir hiert Engagement!

Weitere Neuigkeiten von Ecole Fondamentale Cents >