Zesumme fir eng Zukunft voller Chancen

Centser Schoulkanner ënnerstëtzen eng nei Schoul am Kamerun

D’Schoulkanner vum Cents hunn sech och dëst Schouljoer mat vill Häerz an Asaz fir eng gutt Saach agesat: de Bau vun enger neier Schoul am Kamerun.

Schonn am Dezember, fir hiren traditionelle Wantermaart, hunn si mat Begeeschterung gebastelt a gesongen. D’Kanner hunn hir Bastelsaachen um Maart verkaf. Mat der Ënnerstëtzung vun der APE (Elterevereenegung) louch d’Gesamtzomm, déi um Wantermaart zesummekomm ass, bei 2000 €.

Am Mee war et dann esou wäit: Um Sportsdag hunn si e Spendemarathon organiséiert. All Kand huet sech ee Sponsor gesicht, deen e feste Betrag pro gelafenen Tour vu 500 m versprach huet. Mat vill Energie an Zesummenhalt konnten d’Kanner nach emol ronn 10000 € eralafen.

Ënnert dem Stréch kommen esou 12 000 € zesummen – eng beandrockend Zomm, déi komplett un d’Asbl „Frëndeskrees Kamerun“ geet. Dës Organisatioun setzt sech dofir an, datt Kanner am Kamerun eng Chance op Bildung kréien.

Bei der Scheck-Iwwerreechung sinn e puer Membere vun der ONG op Besuch an d'Schoul komm. An enger interessanter Stonn hunn si den Centser Kanner vum Liewen am Kamerun erzielt a mat Fotoe gewisen, wéi zu Soa am Kamerun d’Kanner an d'Schoul ginn.

Wéinst dëser super Initiativ kënnen 2 nei Klassesäll gebaut ginn, an domat kréie vu September un em déi 40 Kanner zousätzlech d’Méiglechkeet d’Schoul ze besichen. Eng Geleeënheet, déi se ouni dës Ënnerstëtzung net hätten.

Eng wonnerbar Initiativ, déi weist, wéi vill Kanner mat hirer Solidaritéit bewierke kënnen!

E grousse Merci un all déi, déi eis Schüler finanziell ënnerstëtzt hunn!