Eng Spend fir e Laachen

Cents - D’Schoulkanner aus der Ecole fondamentale Cents, vu Kleng bis Grouss, hate fläisseg gebastelt a gebak, fir de Verkaf op hirem Wanterfest, den 30.11.2018.

Mat der Ënnerstëtzung vun der Amicale du Centre d’Intégration Scolaire, der Association des parents d’élèves Fetschenhaff-Cents an dem Léierpersonal, hu si e grousse Montant zesumme kritt. Den Erléis vun 2.000 Euro hunn d’Kanner un d’A.s.b.l. « île aux clowns » gespent.

Den Direkter, Eric Anselin, an de Clown « Pepe » waren an der Schoul fir de Kanner ze erklären, wéi d’Clownen et erméiglechen, de kranke Kanner an eelere Persounen an der Klinik, e gléckleche Moment ze schenken. D’Schoulkanner ware ganz interesséiert, hu vill Froe gestallt a waren houfreg hire Chèque kënnen ze iwwerreechen.