175 Joer Clausener Musek

Wanterconcert mat Schülerauditioun

Als Optakt vun den 175 Joer Feierlechkeete war um Kiem an der Sportshal den traditionelle Wanterconcert mat Schülerauditioun vun der Faubourgsmusek Clausen-Neiduerf Weimeschhaff-Kiem. D’Clausener Musek gouf 1851 gegrënnt als Pompjeesmusek also virun 175 Joer. 1901 hunn dann d'Pompjeeën an d'Musek sech zum 50. Jubiläum getrennt. D'Clausener Musek krut den Zousaz 'Fanfare Grand-Ducale' zu hirem 75. Jubiläum 1926 vun der Cour Grand-Ducale zougestan. Sou feiere mir dëst Joer e puer Evenementer. 175 Grënnung vun der Clausener Musek als Pompjeesmusek. 125 Clausener Musek an 100 Joer 'Fanfare Grand-Ducale' . Esou ass d'Clausener Musek déi eelst d’Musik an der Stad. Am Kader vun der 175 Joerfeier huet de Clausener Musikant, Pierre Kremer , e Stéck Komponéiert „“The Fall of the House of Baron Mansfeld” also déi ganz tragique a Clausen vum Peter Ernst von Mansfeld, an dem President André Heinen iwwerreecht. Den 29. Abrëll ass d’Uropféierung am Lycee Michel Rodange. Jiddereen ass do Invitéiert.
De President vun der Neiduerf-Weimeschhaffermusek huet d’Leit begréisst an e schéine Concert gewënscht.

Den Optakt vum Wanterconcert huet Faubourgsmusek, ënnert der Direktioun vum Charel Krysatis, gemaach., mat; Olsenbande; Planus Arche; Bike Ride; Metropolis; Of Ideal Infinity; Jazz Band Line, an als Ofschloss vum éischten Deel; Freedom. Presentatioun vum Programm louch an den Hänn vum Claude Hornick. Et war dunn un der Schülerauditioun, Iwwergang bei de Cosimo Colaci, responsabel vun de Quartiers Musekschoule vum Stater Conservatoire. Hien huet d‘Wichtegkeet vun de Quartiers Musekschoule fir déi lokal Museken ënnerstrach an duerch de Programm vun deene verschiddenen Auditiounen: Trompett; Saxophon; Trombon; Flute; Euphonium; Percussioun a Sangen, mat Detailer geleet. Et war dunn un der Schülermusek mat zwee Stécker. Héichpunkt war d’musizéiere vun der Schülermusek integréiert an der Faubourgsmusek, déi dann och den Ofschloss mat; Mama Paquita a Ranger Rock den Ofschloss vum Wanterconcert musikalesch gespillt hunn. De Publikum war Begeeschtert an huet dat mat euphoreschem Applaus honoréiert. De President vun der Clausener Musek , André Heinen, huet alle bedeelegten e grousse Merci ausgesprach an op e Patt invitéiert.
Weider Infoe vun den 175 Joer Feieren a Fotoe vum Wanterconcert op fofa.lu