Generalversammlung FOFA

175 Joer Clausener Musek

De President vun der Neiduerf-Weimeschhaffer Musek, Marc Angel, huet den André Heinen, President, vun der Clausener Musek, vun der UGDA an der USMVL, souwéi d‘Membere vun deenen zwou Museken, op der Generalversammlung begréisst. Uschléissend eng Gedenkminutt fir déi Verstuerwe Memberen, hei besonnesch ernimmt de Kremer Ady, Éierepresident vun der Clausener Musek. Mat Mercie goung et weider un d’Musikanten, dem Comité, fir hiren Asaz wärend dem vergaangene Joer an un de Chef, Charel Krysatis. D’Sekretärin, Joelle Flammang, huet mat engem klenge Resumé vun der leschter Generalversammlung ugefaangen an uschléissend den Aktivitéitsbericht vum vergaangene Joer virgedroen. Verschidde Concerte fir dëst Joer stinn och scho fest am Kader vun 175 Joer Clausener Musek an deen éischte Concert mat engem grousse Succès war schonn den 1. Mäerz, nämlech de „Wanterconcert“ mat Schülerauditioun, ënnert der Direktioun vum Charel Krysatis. Weider Optrëtter sinn de 14. Juni, onsen traditionellen „Mammendag Concert“ um Knuedeler am Kader vum UGDA Museksdag an de Concert fir de „Belschen Nationalfeierdag“ op der Plëss. Donieft nach déi traditionell Hämmelsmärsch a Clausen, Neiduerf, Weimeschhaff. Mir si besonnesch houfreg fir matzedeelen dass mer elo och e klenge Jugendorchester hunn, deen op verschiddene Concerte wäert Present sinn an alles ënnert der Leedung vum Charel Krysatis. An der Keess konnt en equilibréierte Bilan vun de Keessjeeën, Peggy Haag an André Heinen, presentéiert ginn, deen duerch de Keeserevisor Claude Hornick bestätegt gouf. D‘Assemblée huet den Aktivitéits an de Keesebericht per Acclamatioun ugeholl an d’Keesereviseuren, Guy Grosber a Claude Hornick fir e weidert Joer bestätegt. Am Comité ännert sech näischt. Den André Heinen huet nach Prezisiounen zu de Feierlechkeete vun 175 Joer Clausener Musek ginn. Den 29. Abrëll um 19:00 e Concert vun der Brass Band vum Staater Conservatoire am Lycée Michel Rodange Campus Geeseknäpchen mat der Uropféierung vun “The Fall of the House of Baron Mansfeld” vum Clausener Museker, Pierre Kremer. Den 19. Juli Big Bands am Parc Mansfeld a Clausen.
Mat engem Éierewäin ass dës Generalversammlung Ofgeschloss ginn. Weider Infoe vu Concerten a Fotoen op www.fofa.lu