Border-Mix Tara siicht en Doheem


Salut, ech sinn d'Tara vun 12 Joer an siichen e rouhegt Doheem ouni Kanner. Ech sinn en steriliséierten Border/Bouvier-Mix vun 20 kg. Meng éischt 7 Joer ware net einfach a lanscht d'Lëffle kruut ech der och emol.

Vun 2017 bis 2022 hunn ech nees u Vertrauen an de Mënsch gewonnen, och wann ech frieme Persounen net direkt iwer de Wee trauen. Dofir wënschen ech mir elo een oder 2 Mënschen, déi wéi ech e rouhegt Liewen mat Spazéiergäng ze schätze wëssen a mech bis u mäi Liewen's-Änn bei sech haalen. Wann dir mech känneléiere wëllt, mällt iech bei Amiavy ënnert der N.:621743773

Salut, je m'appelle Tara, j'ai 12 ans et je recherche un foyer calme sans enfants. Je suis un mélange de border/bouvier, je suis stérilisée et je pèse environs 20