Och um drëtte Naturparkfest vum Naturpark Our am Parc Housen hu mir matgemat. No de gudden Erfahrungen vum letzte Joer ware mir den 3. August fréi um Dill fir eise Stand anzeriichten. Zwee Beievölker ware schuns e puer Deeg éischter op d’Plaz bruecht ginn fir den Drohnelotto. Dem gléckleche Gewënner (seng Drohn war als éischt zréck an de Beiestack komm) vun deem Concours konnte mer e flotte Cadeau ginn. Do dernierft hate mer eise Schaukasten mat derbäi, wou mer de Leit d’Beien ganz no (an ouni Angst mussen ze hunn) konnte weisen. D'Kinnigin huet sech méi wéi eng Kéier gutt verstoppt, sou datt et och do munnechmol e klenge Concours gouf, ween së fir d’ischt ging fannen. Fir d’Kanner hate mer e Beiememory a beim Keiser Carlo a senger Fra vum Beienascht konnte si eng Wueskäerz rullen. Ganz interessant war och de Richconcours – do gung et drëms dat méi onbekannte Beieprodukt Propolis mat der Nues ze erkennen. Déi 5 aner Produkter fir ze richen aus dem Gaart respektiv der Kichen ware nämlech méi liicht ze erroden. A selbstverständlech duerft de frësch geschleiderten Hunneg net op eisem Stand feelen. Sou goufe net manner wéi 270 Gläser op der Plaz agefëllt a verschenkt (dank der Ënnerstëtzung vum Naturtpark). D’Hunnegdrëpp war dann éischter eppes fir déi, wou mol eng aner Form vu Branntwäin wollten ausprobéieren. E Beiequiz mat dräizéng Froen déi all Kéiers ee Buschtaw vum Léisungswuert erginn hunn, war eng weider Attraktioun op eisem Stand. Déi, wou den Erklärungen zum Beievollek nogelauschtert haten, konnten dës Froen mat méi oder manner Liichtegkeet beäntweren an och si kruten e Beienautocollant als Belounung. Ofgeronnt gouf dat Ganzt mam Virstellen vun den Ourdaller Produkter.
Wa mir eise Stand wéinst de Beievölker och méi um Bord vum Ausstellungspark haten, sou heescht dat net, datt mir manner Visiteuren haten. An déi, wou kommen hu sech zum ganz groussen Deel laang bei eis opgehalen a sou hate mer d’Geleeënheet hinne sou munneches iwwert d’Wichtegkeet vun de Beien ze erzielen. Méi wéi eemol goufe mer dann och dofir gelueft (vläicht och wéint dem geschenkten Hunneg – vill waren der jiddferfalls dervun iwwerrascht). Déi King ënnert eise Visiteuren sënn och mat bis bei Beievöker gaang, fir sech do interessant Erklärungen ginn ze loossen. Keen op a ronderëm eise Stand ass gepickt ginn – eis brav Beien hu sech vun hirer bester Säit gewisen a mir menge dat och gemat ze hunn.
ah