2te Gaardeneck am Servior zu Ëlwen

Um zweeten Gaardeneck fir dës Wantersaison hat de Gaart an Heem agelueden fir ze bastelen. Allerlee Naturmaterialien ware gesammelt ginn an déi stungen dunn zur Verfügung fir eng kleng Dekoratioun ze bastelen. Der Phantasie ware keng Grenzen gesat ma et luff haaptsächlech dorop raus eng Ampel ze bastelen, wou een eng Meiseknödel konnt dranhänken. Ma wou jo d'Material a Massen zur Verfügung stong, sënn och aner Kreatiounen entstannen. Ronn eng Dozen Leit haten sech afonnt a waren zum Schluss zefridden a frou mat hirer Aarbicht an der flotter Ambiance um ganzen Owend. Eng weider Kéier gëtt sech de 25. Januar am Neie Joer getraff, da mam Thema Bomschnëtt. Et gëtt dozou e Pötsche-Film gewisen. A na eng praktesch Informatioun: De Beitrag fir 2016 gëtt eréischt am Fréijoer akasséiert an dat well Liwwerung vum Täschebuch - mam neien Agrargesetz - a Verspéidung ass.