Schullsportdag 2015

All Joers, an elo schons fir d'14te Kéier, steet e ganze Schulldag am Zeechen vum SPORT.
En Donneschdeg, 21. Mee, kruten all Kanner aus dem C 2 bis C 4 d’Méiglechkeet gebueden, verschidde Sportsaktivitéiten auszeprobéieren.
Net manner wéi 14 Atelieren waren dofir virgesinn. Fir datt do dann alles rond leeft, muss am Viraus allerlee geplangt ginn. En klenge Grupp vum Léierpersonal ass dofir zoustänneg an um Dag selwer sënn all Léierpersounen mat ‚um Dill‘. Ouni d’Mathëllef vu verschiddene Veräiner kënnt awer net sou vill Ofwieselung ugebueden ginn, wéi d’Kanner dat schuns gewinnt sënn.
D’Klassen vum C 4 hu sech dëst Joer z. B. an dräi verschiddenen Turnéieren gemeess. Dobäi konnten si o eng nei Sportart testen: de POULLball. An der Belscht huet e Sportsproff dëst neit Spill erfonnt: mat wéineg Material a strikte Regelen entwéckelt sech eng Spillart, wou et gëllt taktesch clever virzegoen, fir déi géignerisch Mannschaft ze klappen. Eis Kanner, Jungen wi Meedercher, wore ganz begeestert. Wat zällt, ass net déi individuell Stäerkt ma den Teamgeest fir zum Erfolleg ze kommen.

E grousse MERCI un d’Veräiner (Taekwon-do, Dëschtennis, Indiaca, Archers du Nord, Tennis, Fussball, Elterevereenigung a Pompjeeën), un d’Memberen vun der Sportskommissioun, un d’Gemengepersonal mam Portier a senger Fra fir hir wichteg Beiträg zum Gelingen vum SSD 2015.

Zum Enn vum Dag gouf et na eng flott Ofschlossaktivitéit um Fussballsterrain, wou all Klassen drun deelgeholl hunn a wou jiddfer Kand mat sengem, vläicht o nëmmen klengen, Matwierken zum Erfolleg vun eppes Grousses Ganzem konnt bäidroen.

D'Kanner kruten o na e klengt Heftchen, wou si sech mat hiren Elteren zousätzlech iwwert d’Veräiner kënnen informéieren. De C 1 hat säi Schullsportdag den 20. 5. organiséiert.

De Fotograf Raoul Poupart an de Videoclub hunn déi ganz Veranstaltung a Bild a Film festgehal sou datt fir eng fest Erënnerung un de SSD vum 21. 5. 2015 gesuergt ass.

A wann et dann o mol hei oder do e klenge Bobo oder Muskelkuederchen gouf, da wäerten d’Kanner och d’nächst Joer am Virfeld genee sou gespant a duerno genee sou begeeschtert sënn wann et heescht SSD 2016.