Éischt internationalt Eicher- Traktertreffen um Brosiushaff- En Erfolleg
um weitere Bilder zu sehen.
Eng Iddi hun an déi an d’Wirklichkeet ëmsetzen, dat huet de John Krack als passionnéierten Eicher- Traktersammler um Weekend vum 16. August och derzou bewegt, bei sengem Heemechtshaus um Brosiushaff bei Colmar- Bierg, engt internationalt Traktertreffen vun der bekannter Mark Eicher, ze organiséieren. Et hat sech rentéiert, well niewt senger egener Sammlung vun ronn 35 Exemplaren waren der „Eicheren“ eppes méi wi 115 Stéck aus Daitschland, Holland, der Belge an och aus Lëtzebuerg present a ganz stolz drop , fir hir zum Deel wonnerbar restauréiert Eicher- Trakteren dem Publikum virzestellen. Niewt Kanneranimation an der Virstellung vun ausgewielten Trakteren, konnten di ganz vill Eicher- Ferventen vun no a wäit aus dem Ausland sech di zwéin Deeg vill Literatur an och nei an gebraucht Ersatzdeeler eraus sichen. Och e schéinen Trakter- Tour duerch di wonnerbar Natur stong um Programm. D’Kollegen vum „Tëff Tëff Waarken mat den „Trakterfrënn Nacher“ souwi och d’Amicale Pompjeeën Colmar- Bierg“ waren um Dill an haaten fir en excellenten Service mat Gedrënks an Iessen och bäschtens gesuergt. Op alle Fall konnt de John Krack als Organisator mat sengem Team fir dat éischt internationalt Eicher Trakterfeffen hei zu Lëtzebuerg och ganz zefridde sin. (CR (Fotoen: Charles Reiser)