Grouss Botz 2026 zu Réiden/Atert hat vill Erfolleg


Réiden/Atert: Jiddereen, dee wëll Hëllefen ass wëllkomm ! D‘Aktioun gëtt ofgehaal onofhängig vum Wieder. Esou stung op der Invitatioun vun der Gemengeverwaltung Réiden fir e Samsden de Moien, den 21. Mäerz um halwer 9 Auer beim Gemengenatelier ze sin fir beim Start vun der grousser Botz duerch d’Gemeng Réiden derbéi ze sin. Bei guddem Fréijoers Wieder konnt de Buergermeeschter Henri Gerekens ganz vill Matbierger begréissen an huet hinnen och Merci gesoot fir hir ganz grouss Presenz an och fir hirt fräiwëlligt Engagement. Duerno goufen Plangen mat dem néidigen Geschier verdeelt, wou di verschidden Tier duerch di ganz Gemeng virgesin waren, fir alles opzeraafen wat vun jeglichem Drëck an der Landschaft onnötz weg gehéit gin ass. Géint Mëtteg gouf et och di verdingt Verstärkung am Gemengenatelier als klenge Merci déi vun der Gemengeverwaltung Réiden ofréiert gin ass. (CR)(Foto: Charles Reiser)