Workshop: E Léiffrawësch selwer bannen

15
Aug
15 Aug

De Léiffrawësch gehéiert zu de schéinsten a bekanntste Summertraditiounen zu Lëtzebuerg. Zënter Generatioune sammelen d’Leit am August Kraider, Blummen a Fruucht aus der Natur a bannen se zu engem Wësch.

An dësem Workshop léiere mir verschidde traditionell Kraider kennen, entdecken hir fréier Notzung als Heel- a Schutzplanzen a bannen zesummen eisen eegene Wësch, den Dir dann mat Heem huelen kënnt.

De Workshop riicht sech virun allem un Erwuessener, déi sech fir Natur, Heelkraider an eist immateriellt Kulturierwen interesséieren. Virkenntnesser sinn net néideg a Kanner sinn an der Begleedung vun engem Erwuessenen och häerzlech wëllkomm.


Datum: 15. August

Plaz: hannen an der Kierch oder virun der Kierch zu Konsdref (je no Wierder)

Rdv: 10.00 Auer


Schéier, Ficelle souwéi d’Material fir de Wësch gi gestallt.

Matbréngen: Gaardeschéier (falls Dir keng hutt: mir hunn der puer op Virrot do)


Mir freeën eis op e gesellegen an inspiréierende Moien am Zeeche vun engem liewege Kulturierwen.


PROGRAMM

Kuerz Aféierung an d’Geschicht a Bedeitung vum Léiffrawësch

Erklärungen vun de Kraider a Planze vum Léiffrawësch

Banne vum Wësch


Op Wonsch kann de Wësch uschléissend an der Kierch geseent ginn.