De Veräin "Kultur a Patrimoine Konsdref - KuPa", dee viru ronn engem Joer gegrënnt gouf, engagéiert sech mat vill Leidenschaft fir den Erhalt, d'Valorisatioun an d'Vermëttlung vum kulturelle Patrimoine zu Konsdref. Zil ass et, d'Geschicht, d'Traditiounen an dat architektonescht Ierwen vun der Gemeng lieweg ze halen an un déi nächst Generatioune weiderzeginn.
Mat Aktivitéiten, Visitten an Informatiounsowenter bréngt d'KuPa de kulturelle Räichtum aus der Gemeng Konsdref an der Regioun Mëllerdall de Leit méi no.
Abonnéiert d'Facebook-Säit Kultur a Patrimoine Konsdref – KuPa, fir keng vun de kommende Manifestatiounen a Projeten ze verpassen.
#KuPa #KulturaPatrimoineKonsdref #naturageoparkMëllerdall