Fënnef Informatiounspanneauen offiziell ageweit
um weitere Bilder zu sehen.
De Freideg, de 25. September 2026, huet de Veräin Kultur & Patrimoine Konsdref (KuPa) op d’Aweiung vun de fënnef neien Informatiounspanneau fir bei d‘Kierchegebaier an der Gemeng Konsdref agelueden. Vill Gäscht hunn sech dofir bäi der „Fräier Evangelescher Gemeng Scheedgen“ versammelt, fir de gemeinsamen LEADER-Umbrella-Projet offiziell ofzeschléissen.
A senger Begréissung huet de KuPa-President André Kirsch ervirgehuewen, datt d‘Kierchen iwwer Joerhonnerten net nëmme reliéis Raim waren, mee och de kulturellen Zentrum vun eisen Dierfer. Hei gouf gebiet, gefeiert, Musek gemaach a Gemeinschaft gelieft. Gläichzäiteg droen dës Gebaier bis haut déi bescht Handwierks- a Konschttraditioune vun hirer Zäit an sech. „Wa mir Konscht a Konschtgeschicht wëlle gesinn, da brauche mir net ëmmer an e Musée ze goen – heiansdo ginn e puer Schrëtt duerch d'Duerf duer.“ Hien huet erkläert, datt d’Informatiounspanneauen de Visiteuren hëllefen, dëse Patrimoine mat neiem Bléck z’entdecken. Nieft der Geschicht vun de Gebaier weisen si och Detailer an Entwécklungen, déi am Alldag dacks onbemierkt bleiwen.
Bäi der Realisatioun vun de Pannoe gouf sech bewosst fir Lëtzebuergesch an Englesch entscheet. D’Iddi dohannert: Lëtzebuergesch mécht eis Nationalsprooch am ëffentleche Raum méi visibel, wärend Englesch sech haut mat Hëllef vum Smartphone einfach an déi jeeweileg Mammesprooch vun internationale Visiteuren iwwersetze léisst. Sou bleift um Panno méi Plaz fir Biller, Geschicht an Inhalter. Iwwer Méint goufen historesch Quellen ausgewäert, Fotoen zesummegedroen an neier opgeholl, Texter geschriwwen an d’Inhalter professionell opbereet. D’Pannoe bidden elo Awunner, Schoulklassen an Touristen en einfachen Zougang zur Geschicht vun de reliéise Gebaier an der Gemeng Konsdref.
De President huet och all de Partner Merci gesot, déi de Projet méiglech gemaach hunn: LEADER Mëllerdall, Kulturministère, KA Communication, dem INPA, der Gemeng Konsdref mam Service Technique, dem Oli Glod fir d’Fotodokumentatioun an der „Fräier Evangelescher Gemeng Scheedgen“ fir hiren häerzlechen Accueil an dat gemittlecht Zesummesinn. Besonnesch ervirgehuewe gouf, datt dëst Kierchegebai um Scheedgen am Ufank net als historescht Gebai am Projet virgesi war. Mat sengem bescheidenen Nokrichsstil an dem markante regionale Lëtzebuerger Sandsteen ass et awer e wichtegen Deel vum kulturelle Patrimoine vu Konsdref.
Uschléissend huet d’Anette Peiter vu LEADER Mëllerdall de Gäscht en Abléck an d’Aarbecht vum LEADER ginn. Si huet erkläert, wéi den LEADER-Umbrella-Programm lokal Initiativen ënnerstëtzt an et Veräiner a Gemengen erméiglecht, kulturell an touristesch Projete gemeinsam ëmzesetzen. Dobäi gouf ënnerstrach, datt grad esou Projeten dozou bäidroen, de regionale Patrimoine nohalteg opzewäerten an en och fir zukünfteg Generatioune méi accessibel ze maachen.
Zum Ofschloss huet den Timo Weber d’Geschicht vun der Fräier Evangelescher Gemeng Scheedgen virgestallt. Hien huet erzielt, wéi d’Gemeng entstanen ass a wéi sech d’Kierch zanter hirem Bau 1952/53 zu engem feste Bestanddeel vum reliéise Liewe vun der Gemeng entwéckelt huet.
D’KuPa seet allen Acteuren, Fräiwëllegen a Gäscht e ganz häerzleche Merci fir hir Ënnerstëtzung an hiren Interêt un eisem kulturelle Patrimoine.