Léiffrawëschdag zu Konsdref – e flotte Brauch lieft nees op
um weitere Bilder zu sehen.
Um Léiffrawëschdag huet d’KuPa (Kultur a Patrimoine Konsdref) zu Konsdref e Workshop organiséiert, bei deem d‘Participanten d’Geleeënheet haten, selwer en traditionelle Wësch zesummenzestellen.
Ënner der fachlecher Leedung vun der Mme Anne-Marie Simonis an hir Duechter Julie kruten d’Leit interessant Erklärungen iwwer de Brauch vum Léiffrawëschdag an de Krautwësch, iwwer déi verschidde Kraider a Planzen, déi fir de Wësch gesammelt ginn, an och iwwer hir traditionell Bedeitung. Duerno goufen déi gesammelte Planze mat vill Freed a Geschéck zu engem Wësch gebonnen.
Uschléissend goufen d’Wëscher vum Paschtouer Carlo Morbach geseent.
Mat dësem Workshop huet d’KuPa e schéine Lëtzebuerger Brauch zu Konsdref nees opliewe gelooss. De Léiffrawëschdag verbënnt Traditioun, Natur a Gemeinschaft a mécht eis op eng ganz konkret Manéier mat engem Stéck vun eisem kulturelle Patrimoine vertraut.
#immaterrielltkulturiewen
#kulturapatrimoinekonsdref
Fotoen: Eipers Fernande, Konsbrück Tanja, Meyer Carlo, Meyer Julie